12.02.2025
Klima-Talk: Stell deng Froen u Jonker, déi bei der Klimakonferenz dobäi waren!
Klima-Talk: Stell deng Froen u Jonker, déi bei der Klimakonferenz dobäi waren!
Wat leeft op de groussen, internationale Klimakonferenzen? Wee schwätzt do mat a wéi ass d’Stëmm vun der Jugend do vertrueden? Wat bedeit dat fir eis (Klima-)Politik an d’Thema Klimawandel an de Schoulen zu Lëtzebuerg? Dës an méi Themen wëlle mir mat dir zesummen beschwätzen, den 12. Februar ab 18 Auer am Gudde Wëllen an der Stad!
Komm laanscht a stell deng Froen un d’Natasha Lepage, wat als Climate Youth Delegate op der internationaler Klimakonferenz 2024 zu Baku dobäi war. Gëff gewuer, firwat et sech lount, sech fir eise Planéit ze engagéieren. So eis deng Meenung an tausch dech mat anere Jonken aus. Dëst an enger relaxer Diskussiounsronn mat Snacks a Gedrénks.
.So eis gär am Viraus Bescheed, ob du dobäi bass, fir dass mir eis besser organiséiere kënnen, iwwer [email protected]., op eisem Instagram (move.meco) oder iwwer de Formulaire hei op eisem Site move.meco.lu/agenda
Nützliche Informationen
Wann
Mittwoch 12.02.2025
18H00
- 19H30
Telefon
Webseite
Karte
Die Inhalte werden von „Echo.lu“ bereitgestellt - unverbindliche Auskünfte unter Vorbehalt von Änderungen!
Um Veranstaltungen (die auf dem Gebiet der Hauptstadt stattfinden) in unserem Veranstaltungskalender anzukündigen, müssen Sie diese zuerst auf „Echo.lu“ eintragen. Wir nehmen diese in unsere Agenda auf.