D’Neinhorn als Marionett

Wann een un Einhörner denkt, da stellt een sech léif wäiss oder rosa Wiese mat engem Har vir, déi elegant an Zockerwatt ronderëm grasen. Mee wat stells du dir ënnert engem «Nein-horn» fir? Een «Nein-Horn» huet absolut kee Bock op Zockerséisses a seet zu allem a jidderengem «Nee». Ee richtege Stueraz. 


Villäicht ass d’»Neinhorn» dofir esou ee beleifte Kannerbuch?


Wärend dësem Liesmoien tauche mir an d’Geschicht an a bastelen eng «Nein-Horn» Marionette mat der mir zum Schluss zesummen ee klengen Theater opféieren. 

Loscht kritt? Da mëll dech un.


---


Fir Kanner am Alter vu 4-7 Joer an eng Vertrauenspersoun (Elteren, Grousselteren, Stéifelteren...)

.


Mam Leslie Fischbach


Den Entrée ass gratis, iwwert e klengen Don géife mer eis freeën.


Umeldung: [email protected]


Méi Informatiounen fannt Dir hei.



From ECHO.lu

Useful information

Address

ErwuesseBildung
5 av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG

Map

Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.

www.echo.lu