Music
»Ech kéint dech friessen!« Kannibalismus am Laf vun der Geschicht
When
Monday The 19.05.2025
19:00 - 19:00
Where
Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

Description
Gratis Umeldung:. https://pretix.eu/bnl/friessen/c/Ubxeirt0j/
Am Laf vun der Geschicht wor de Kannibalismus-Virworf en exzellent Mëttel, fir friem Kulturen a Mënschen ofzewäerten. A sengem Concert-Virtrag behandelt de Guy Schons d’Verfollgung vun de „Ketzer“, Judden an „Hexen“, deene reprochéiert gouf, Kanner fir rituell Zwecker ze schluechten, d’Kolonialiséierung vun der „Neier Welt“ an d’Bekéierung vun den indigene „Mënschefrësser“, bei där och Lëtzebuerger Missionaren eng Roll gespillt hunn. Thematiséiert gëtt och den Hongerkannibalismus am 30-järege Krich an d’Heelmëttel op Basis vu mënschleche Substanzen. Agebonnen an de Virtrag séngt de Guy Schons eng Rei Lidder, déi zum Thema passen.
.De Guy Schons ass e fräischaffende Sänger, Gittarist a Kulturhistoriker. 1975 huet en den Ensembel Dullemajik gegrënnt an zënterhier eng Rei LPën a CDë mat Vollekslidder an -dänz aus Lëtzebuerg publizéiert. Ausserdeem huet de Guy Schons Bicher a Bäiträg iwwert ’Kulturgeschicht vum Mëttelalter bis an d’20. Joerhonnert publizéiert.
Useful information
Where
Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg
When
Monday 19.05.2025
19H00
- 19H00
Contact
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.