Musique

»Ech kéint dech friessen!« Kannibalismus am Laf vun der Geschicht

When

lundi le 19.05.2025

19:00 - 19:00

Where

Bibliothèque nationale du Luxembourg
37D Avenue John F. Kennedy
L-1855 Luxembourg

20250519-Kannibalismus_main

Description

Gratis Umeldung:. https://pretix.eu/bnl/friessen/c/Ubxeirt0j/


Am Laf vun der Geschicht wor de Kannibalismus-Virworf en exzellent Mëttel, fir friem Kulturen a Mënschen ofzewäerten. A sengem Concert-Virtrag behandelt de Guy Schons d’Verfollgung vun de „Ketzer“, Judden an „Hexen“, deene reprochéiert gouf, Kanner fir rituell Zwecker ze schluechten, d’Kolonialiséierung vun der „Neier Welt“ an d’Bekéierung vun den indigene „Mënschefrësser“, bei där och Lëtzebuerger Missionaren eng Roll gespillt hunn. Thematiséiert gëtt och den Hongerkannibalismus am 30-järege Krich an d’Heelmëttel op Basis vu mënschleche Substanzen. Agebonnen an de Virtrag séngt de Guy Schons eng Rei Lidder, déi zum Thema passen.


De Guy Schons ass e fräischaffende Sänger, Gittarist a Kulturhistoriker. 1975 huet en den Ensembel Dullemajik gegrënnt an zënterhier eng Rei LPën a CDë mat Vollekslidder an -dänz aus Lëtzebuerg publizéiert. Ausserdeem huet de Guy Schons Bicher a Bäiträg iwwert ’Kulturgeschicht vum Mëttelalter bis an d’20. Joerhonnert publizéiert.

From ECHO.lu

Informations pratiques

Event location

Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.

www.echo.lu