30.01.2025
Eng Begéinung mam Hannah Arendt sengem Denken an Handelen
Eng Begéinung mam Hannah Arendt sengem Denken an Handelen
« Ohne den Atem ist der menschliche Leib eine Leiche, ohne das Denken ist der menschliche Geist tot. » .
Hannah Arendt in The Life of the Mind
An dësem Virtrag mat Diskussioun geet et drëms e puer Etappe vum Hannah Arendt sengem Liewen ze verstoen esou wéi wichteg Elementer vu senger politescher Theorie. Mir kucken an engem éischten Owend (30.1.2025) ze d’éischt Ausschnëtter aus dem Film « Hannah Arendt » (2012) vun der Magaretha von Trotta an diskutéieren hir Entwécklungen. An deenen dräi aneren Owender (27.2., 6.3. an 20.3.2025 jeeweils ëm 19 Auer) diskutéiere mer un Hand vu kuerzen Textausschnëtter follgend Themen:
- Léift a Frëndschaft
- De Mënsch an der moderner Gesellschaft : Geburtlechkeet, Fräiheet, Denken am Dialog a Verantwortung
- Entwécklung an Elementer vum Totalitarismus
- Politesch an ethesch Kompetenze fir e Liewen an der Demokratie
- Erzéiung, Autoritéit an Ongehorsamkeet
- Verspriechen a Verzeien
Animatioun: Jean-Marie Weber, chercheur, Uni-Lëtzebuerg
Kooperatioun: ErwuesseBildung
Useful information
When
Thursday 30.01.2025
19H00
- 21H00
Prices
Teilnahme | 0 € |
Map
Eng Begéinung mam Hannah Arendt sengem Denken an Handelen in pictures
Gallery
Content provided by Echo.lu – Content non-binding and subject to change.
To advertise your event (taking place in the capital) in our calendar, register all the information on Echo.lu and display it on our agenda.