Eng Begéinung mam Hannah Arendt sengem Denken an Handelen

« Ohne den Atem ist der menschliche Leib eine Leiche, ohne das Denken ist der menschliche Geist tot. » .

Hannah Arendt in The Life of the Mind

 

An dësem Virtrag mat Diskussioun geet et drëms e puer Etappe vum Hannah Arendt sengem Liewen ze verstoen esou wéi wichteg Elementer vu senger politescher Theorie. Mir kucken an engem éischten Owend (30.1.2025) ze d’éischt Ausschnëtter aus dem Film « Hannah Arendt » (2012) vun der Magaretha von Trotta an diskutéieren hir Entwécklungen. An deenen dräi aneren Owender (27.2., 6.3. an 20.3.2025 jeeweils ëm 19 Auer) diskutéiere mer un Hand vu kuerzen Textausschnëtter follgend Themen:


  • Léift a Frëndschaft
  • De Mënsch an der moderner Gesellschaft : Geburtlechkeet, Fräiheet, Denken am Dialog a Verantwortung
  • From ECHO.lu
  • Entwécklung an Elementer vum Totalitarismus
  • Politesch an ethesch Kompetenze fir e Liewen an der Demokratie
  • Erzéiung, Autoritéit an Ongehorsamkeet
  • Verspriechen a Verzeien


Animatioun: Jean-Marie Weber, chercheur, Uni-Lëtzebuerg

Kooperatioun: ErwuesseBildung

Informations pratiques

Adresse

Centre Jean XXIII - Grand séminaire de Luxembourg
52 rue Jules Wilhelm
2728

Tarifs

Teilnahme 0 €

Carte

Eng Begéinung mam Hannah Arendt sengem Denken an Handelen en images

Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.

www.echo.lu