16.11.2024
Niklos-Expo an der Kathedral
Niklos-Expo an der Kathedral
Zu Lëtzebuerg steet d’Traditioun zum Niklosdag op der nationaler Lëscht vum immaterielle Patrimoine. Mee, wee war dee Mann, un deen d’Kanner zënter Generatiounen all Joer virum 6. Dezember ee laange Wonschziedel schreiwen? A vun deem dat ganzt Joer iwwer op ville Plazen, net nëmmen an de Kierchen, eng Statu oder e Bild ze fannen ass. Wou kënnt hien hier? Wat gëtt et fir Legende ronderëm hien a wéi ass d’Traditioun, besonnesch zu Lëtzebuerg?
D’Legenden an Traditiounen zum Kleeserchersdag ginn duergestallt. Donieft gi Fotoe gewise vun den Duerstellunge vum Niklos an de Fester zu sengen Éieren aus dem ganze Land. Och historesch Reportagen an Dokumentatiounsfilmer aus de 40er bis 80er Joere gi projezéiert.
Den Entrée ass fräi!
----
Konferenz iwwert d’Niklosduerstellungen an d‘-traditiounen am ganze Land mam Historiker Dr Tom Zago:
- 17.11. | 17.30 an der Stad an der EwB, 5, av. Marie-Therèse (Entrée G)
- 25.11. | 19.00 zu Dikrech am Festsall vun der Grondschoul, place des écoles
----
Et wäert och e Kaderprogramm fir Kanner ugebuede ginn. Méi Informatiounen...
.----
Dës Expo gëtt am Uschloss zu Dikrech an der Porkierch ausgestallt. Dëst vum 26. November bis den 8. Dezember. Méi Informatiounen…
.---
Informations pratiques
Quand
Du samedi 16.11.2024 au dimanche 24.11.2024
19H00
- 19H00
Carte
Contenu délivré par Echo.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement !
Pour annoncer votre évènement (ayant lieu sur le territoire de la capitale), enregistrez-le sur Echo.lu et nous le reprenons dans notre agenda.